D’Ukrain-Kris dominéiert Europa. Am EU-Parlament war en Dënschdeg de Mëtteg zu Bréissel eng extraordinär Sëtzung zesummekomm mat der EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen, fir iwwer den Ukrain-Krich ze diskutéieren. An de Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel war fir eng Entrevue beim däitsche Kanzler Olaf Scholz zu Berlin.
De Bundeskanzler Olaf Scholz rechent mat enger weiderer Eskalatioun am Ukrain-Krich. Hien huet de russesche President Putin nach eemol opgefuerdert, seng Zaldoten aus der Ukrain zeréckzezéien an nees een Dialog opzebauen. D’Bluttvergéissen an der Ukrain misst een Enn huelen. De Wladimir Putin géing sech um ukraineschen Vollek vergoen, sou de Scholz.
De Kanzler hat jo schonn de Weekend ugekënnegt, fir méi an d’Sécherheet a Verdeedegung z’investéieren. Och Lëtzebuerg wär bereet, seng Zesummenaarbecht mat Däitschland am Beräich vun der Verdeedegung ze verstäerken. Mee virun allem d’Flüchtlinge misste gehollef kréien, sot de Xavier Bettel: Am Fall vun engem Krich misst een awer och mat staarke Flüchtlingsbeweegunge rechnen an dofir géing een d’Nopeschlänner vun der Ukrain ënnerstëtzen an och national hätt ee sech drop virbereet, Leit opzehuelen.
Iwwerdeems gouf am EU-Parlament och iwwer d’Méiglechkeet debattéiert, fir der Ukrain offiziell de Bäitrëtts-Kandidate-Status ze ginn. Den ukrainesche President gouf per Video zougeschalt an huet e ganz emotionalen Appell un d’Parlament geriicht. Esou emotional, dass en duerno minuttelaang Standing Ovations vun de Parlamentarier krut. Den Selenskyj huet gefuerdert, fir säi Land net am Stéch ze loossen. Déi ukrainesch Bierger wiere wierklech motivéiert a géinge kämpfe fir hir Rechter, kämpfe fir hir Fräiheet a kämpfe fir hiert d’Liewen a fir hiert Iwwerliewen.
“An dat ass den héchste Präis, dee mir bezuele mussen, an dat ass och déi gréisste Motivatioun, déi mir hunn, fir eist Liewen ze kämpfen. Awer mir kämpfen och dofir, dass mir gläichberechtegt Membere vun Europa ginn. An ech hoffen, dass mir haut alle weise kënnen, dass mir Europäer sinn. Mir sinn déi Europäesch Unioun an déi Europäesch Unioun wäert vill méi staark mat eis sinn. An ouni si wäert d’Ukrain eleng do stoen. An mir hu bewisen, dass mir op d’mannst genee sou si wéi dir. Also beweist eis, dass Dir op eiser Säit sidd. Beweist eis, dass Dir eis net am Stéch loosst. Beweist, dass Dir wierklech Europäer sidd. An da wäert d’Liewen iwwer den Doud gewannen an d’Liicht iwwer d’Donkelheet.”
Fliger-Alarm en Dënschdeg de Moien zu Kiew, änlech Téin goufen et och uechter den Norden an den Oste vun der Ukrain. Alt nees eng Kéier ginn d‘Sireenen an alt nees eng Kéier fléie Bommen. Et ass de 6. Dag vun der russescher Invasioun.
D‘Fro, déi sech stellt, ass: wéi laang ass d‘Haaptstad nach an ukrainescher Hand? Eng Fro, déi ëmmer méi pertinent gëtt, wann ee sech rezent Satellittebiller ukuckt. Een iwwer 60 Kilometer-laange Militärkonvoi aus Panzeren a Militärgefierer ass a Richtung Kiew ënnerwee. Vill Leit bereede sech op eng gréisser Attack op d‘Haaptstad vir an hu Barrikaden op de Stroosse ronderëm Kiew opgeriicht. Déi russesch Arméi huet d‘Bevëlkerung dorëms gebieden, fir eng vun den Haaptachsen an d’Stad fir hir eege Sécherheet ze verloossen.

Donieft sinn am Süde vu Belarus och zousätzlech Buedemtruppen a Militär-Helikoptere Richtung ukrainesch Grenz mobiliséiert ginn. De President Lukaschenko bestreit dës Informatiounen allerdéngs. Belarus géing sech net an de Konflikt amëschen.
An der Nuecht op en Dënschdeg gouf iwwerdeems weider gekämpft. Déi russesch Arméi huet vill Stied bombardéiert, dorënner och Charkiw, déi zweetgréisste Stad am Osten. Vill Wunnengen an och Verwaltungsgebaier vun der Stad wiere getraff ginn, sou heescht et vun den Autoritéiten, déi Moskau och Krichsverbrieche reprochéieren. 11 Leit wären zu Charkiw ëm d‘Liewe komm. Russesch Panzer a gepanzert Gefierer wieren iwwerall an der Stad ze gesinn.
D’Hafestad Mariupol am Süde steet och ënnert ganz staarkem Beschoss, vill Zivilisten, Frae mat Kanner, wieren an de leschte fënnef Deeg ëm d’Liewe komm. Informatiounen, déi schwéier z’iwwerpréiwe sinn.
Donieft ass och eng wichteg Militärbasis virun den Diere vu Kiew schwéier getraff ginn. 70 ukrainesch Zaldote wieren dobäi gestuerwen. Déi ukrainesch Ambassadrice an den USA Oksana Markarova huet da matgedeelt, dass net just ballistesch Rakéiten an den Asaz komm sinn, mee och eng sougenannt “Vakuum-Bomm”, déi eigentlech vun der Genfer Konventioun vun de Vereenten Natioune verbuede gouf.
Aerosol-Bommen, ëmgangssproochlech Vakuum-Bomme genannt, benotze keng konventionell Munitioun. Se benotzen de Sauerstoff aus der Loft fir eng Explosioun mat ganz héijen Temperaturen auszeléisen, déi deementspriechend och eng vill méi laang Drockwell an domat och vill méi Schued ka maachen. Sou Explosioune kënnen dofir suergen, dass e mënschleche Kierper komplett vaporiséiert gëtt. Eppes wat mat enger konventioneller Bomm net méiglech ass. Russland huet zu dësem Reproche nach keng Stellung geholl.
D‘Zerstéierung wier grouss, mee d‘Ukrainer leeschte weiderhi ganz staarke Widderstand. Et fillt sech den Ament u wéi d‘Rou virum Stuerm. Et gëtt gewaart op de grousse Kampf ëm d‘Haaptstad Kiew.