Och Lëtzebuerger dobäiEng 1.750 auslännesch Polizisten aus 40 Länner bei Olympesche Spiller

RTL Lëtzebuerg
De 26. Juli ass den offizielle Start vun den Olympesche Spiller zu Paräis.
© AFP

Fir dass wärend de Spiller fir d’Sécherheet ka garantéiert ginn, krut déi franséisch Police Ënnerstëtzung.

Eng 1.750 Polizisten aus 40 Länner gräifen hire franséische Kolleegen ënnert d’Ärem. Mat dobäi sinn och zwee Lëtzebuerger Polizisten. Ee wäert seng franséisch Kolleege bei den Olympesche Spiller ënnerstëtzen, een anere bei de Paralympesche Spiller. “Dës ginn als sougenannten Officier de Liaison am Centre de coopération international agesat an assuréieren den Informatiounsaustausch tëscht de Lëtzebuerger an de franséischen Autoritéiten”, sou d’Police Lëtzebuerg iwwer d’Missioun.

Vun der franséischer Police wäerten all Dag 35.000 Polizisten a Gendaarmen, wéi och 18.000 Zaldote vun der franséischer Arméi am Asaz sinn.

Back to Top
CIM LOGO