Et ass eng Iddi déi jonk belsch Entrepreneuren haten, déi virun allem Serveuren an der Restauratioun an Personal déi mat Patienten ze dinn hunn usprécht.
Konkret gëtt hei eng Foto vun der ënneschter Gesiichtshallschent gemaach a gëtt dann op d’Mask geprint. Dat Ganzt dauert e puer Minutten an ass och iwwert Internet einfach ze maachen als Client. De Charles de Bellefroid, ee vun de Grënner vun Cheesebox, der Firma déi dës Maske produzéiert: “Dans les hôpitaux, les maisons de repos et certains commerces, le masque dit médical est souvent vu comme une forme de déshumanisation. En redonnant au médecin où à la soignante le véritable aspect de son visage, les patients se sentent mieux. On crée un surplus d’affection”
“Soyons clairs, ce ne sont pas des masques chirurgicaux mais ce ne sont pas des gadgets. Double couche de coton et porte-filtre: ils répondent aux normes sanitaires”, esou den Entrepreneur weider.
Ënnert anerem ass och den CHU Brugmann, dat gréisste Spidol zu Bréissel, op d’Masken opmierksam ginn. Dës d’Spidol ass virun allem op d’Betreiung a Behandlung vu Kanner spezialiséiert. D’Hind Ouali vum CHU: “Avec le masque c’est difficile d’accueillir le patient avec un sourire”. Cette solution montre notre volonté de les accueillir avec optimisme et bienveillance, à un moment, où l’on doit être plus chaleureux que d’habitude”.
Wéi et säitens dem Produzent an der Belsch heescht, hätt een och scho Masken zu Lëtzebuerg verkaaft.
De komplette Reportage bei eise Kolleege vun RTL 5minutes!