
De Fuerscher Peter Jäger vum Senckenberg Fuerschungsinstitut wëll den Engagement vun der jonker Klimaaktivistin éieren an och esou op d’Gefor vum Klimawandel fir d’Diversitéit a fir d’Déieren opmierksam maachen.
D’Spanne si Famill mat de sougenannte “Risenkrabbespannen”. Den nämmlechte Fuerscher huet schonn eng Risenkrabbespann aus Südostasien no enger bekannter Perséinlechkeet benannt. Déi gouf zu Éiere vum Sänger David Bowie “Heteropoda davidbowie” gedeeft.