
E Freideg den Owend hat d’Pilgerrees zu Mekka ugefaangen.Deels nach bis e Mëttwoch ware Gleeweger bei Temperaturen ëm déi 50 Grad an der Regioun ënnerwee.
Op d’mannst 90 Doudeger si vun offizielle Säite confirméiert, ma et gëtt sech erwaart, datt dës Zuel nach weider klamme kéint. Déi staatlech Noriichtenagence TAP huet e Mëttwoch vun op d’mannst 35 tuneesesche Gleewege geschwat, déi d’Pilgerrees net iwwerlieft hätten. Der Noriichtenagence Tasnim no sinn 11 iranesch Staatsbierger ënnert den Affer. 41 jordanesch Affer hat den Ausseministère vum Land scho confirméiert an och dräi senegalesesch Bierger solle bei der Pilgerrees ëmkomm sinn.
Offiziell Zuelen zum Total vun den Doudesaffer gouf et e Mëttwoch net. Berichter, nodeems Honnerten Ägypter ëmkomm wieren, konnte bis ewell nach net confirméiert ginn.