Pilger-Reess vun de Moslemen op MekkaËnner ganz strengen Oplagen ass et den Optakt vun der Hadsch

RTL Lëtzebuerg
Wéinst Covid-19 sinn dëst Joer awer just e puer dausend Pilger zougelooss, déi schonns Bescheed gesot kruten, a virdrun an dono a Quarantän mussen.

Wärend der Rees muss Ofstand gehale ginn, an et gëtt eng Maskeflicht.

An engem normale Joer kommen iwwer 2,5 Millioune Moslemen aus der ganzer Welt fir d’Hadsch, déi bis e Sonndeg dauert.

Am Koran ass déi Pilger-Rees jo als eng reliéis Flicht verankert – all Moslem, deen et sech leeschte kann, muss op d’mannst eemol a sengem Liewen op Mekka gepilgert sinn.

Back to Top
CIM LOGO