Nom Doud vum NawalnyËnnerstëtzer reprochéieren den Autoritéiten, Spuere vu "Mäerder" ze verwëschen

RTL Lëtzebuerg
D'Autoritéite géifen d'Läich vum Kreml-Kritiker express net fräiginn, well si d'Spuere vu senge Mäerder verwësche wéilten.
© BEATA ZAWRZEL / NurPhoto / NurPhoto via AFP

Dofir géife si dem Alexei Nawalny seng Läich Mol net u seng eege Mamm iwwerginn, huet et e Samschdeg den Owend op Telegram vum Nawalny sengem Team geheescht.

Wéi et vum Alexei Nawalny senger Spriecherin Kira Jarmisch heescht, hätten d’Autioritéiten dem Oppositionelle sengem Affekot gesot, dass d’Doudesursaach nach net gekläert wier, an dem Nawalny seng Läich dowéinst misst weider ënnersicht ginn. Mat engem Resultat wier eréischt d’nächst Woch ze rechnen.

D’Jarmisch huet gefuerdert, dass dem Nawalny seng Läich direkt u seng Famill iwwerstallt gëtt. Weider heescht et vun hir, dass dem Politiker seng Mamm schonn e Samschdeg den Owend bei eng Läichenhal zu Salechard gereest wier, dat an der Hoffnung, do d’Läich vun hirem Bouf entgéinthuelen ze kënnen.

E Freideg koum d’Noriicht, vum 47 Joer alen Alexei Nawalny sengem Doud. Den Autoritéiten no, wier hien nom Spadséieren an der Strofkolonie Charp an der Géigend vum Polarkrees zesummegebrach a gestuerwen.

Back to Top
CIM LOGO