
Wéi de Parquet vun Dresden matdeelt, wieren d’Bitcoins scho Mëtt Januar séchergestallt ginn. Dat am Kader vun enger Enquête géint d’Bedreiwer vum illegale Film-Portal “movie2k.to”.
D’Ermëttlunge riichte sech géint zwee Männer am Alter vu 37 a 40 Joer. Si solle vun 2008 bis 2013 en illegalen Online-Portal, op deem ee Filmer a Serië streame konnt, bedriwwen hunn. Iwwert dëst solle si ronn 880.000 Video-Inhalter illegal verbreet hunn. Mat de Suen aus dëser Aktivitéit hätte si da Bitcoins kaf.
Wéi et vun den Enquêteuren heescht, hätt ee vun de Verdächtege Mëtt Januar 50.000 Bitcoins fräiwëlleg op eng Wallet, déi vum Bundeskriminalamt bereet gestallt gouf, transferéiert. D’Bitcoins hu beim aktuelle Kurs e Wäert vu ronn zwou Milliarden Euro.