
D’Entrevue mam republikanesche Präsidentschaftskandidat bezeechent den ukrainesche President als “ganz produktiv”. Dat, obwuel den Donald Trump als vehemente Kritiker vun de Milliarde-schwéiere Militärhëllefe fir d’Ukrain säitens den USA bekannt ass.
Op X, fréier Twitter, schreift de Selenskyj, hien hätt dem Trump säi Plang fir d’Victoire virgestallt, et hätt een iwwert d’Konsequenze vum Krich an iwwert vill Detailer geschwat. Et bräicht een e gerechte Fridden.