TierkeiErdogan wëll d'sozial Medie méi streng kontrolléieren

RTL Lëtzebuerg
Fir géint "Onmoral" virzegoen, well den tierkesche President Erdogan an Zukunft d'sozial Medie streng kontrolléiere loossen. Hie wéilt Ligen eliminéieren.

Donieft hätt hie schonn 11 verdächteg “Nidderträchteger” festhuele gelooss. De Finanzminister Berat Albayrak, deen och dem Erdogan säin Eedem ass, huet d’Gebuert vu sengem 4. Kand op Twitter annoncéiert. Doropshin hätten “nidderträchteg” User seng Famill beleidegt. D’Tierkesch Police huet 11 Leit wéinst Beleidegung géint dem Albayrak seng Famill festgeholl.

Verschidde Leit op de soziale Medien hu sech gefrot, ob dem Erdogan säin Eedem wierklech de Papp vum Kand ass, wat dem President säi Meedchen op d’Welt bruecht huet. Doropshin huet sech souguer eng Oppositiounspolitikerin solidaresch géigeniwwer der Mamm gewisen.

Dofir well de President elo d’sozial Medien méi kontrolléieren. Mat engem neie Gesetz wéilt een verschidde Kanäl spären a finanziell Sanktiounen aféieren. Op de soziale Medien huet dës Decisioun fir vill Opreegung gesuergt.

Den Erdogan huet schonn 2014 Twitter a YouTube blockéiert, nodeems do Opname verëffentlecht goufen. Dës waren Indicen, datt hie mat anere Membere vun der Regierung an ee Korruptiounsskandal verwéckelt gewiescht wier. Donieft organiséiere sech Regierungskritiker dacks iwwer d’sozial Medien.

Back to Top
CIM LOGO