International Covid-19-EtüdErkrankungsrisiko kéint vu Bluttgrupp ofhänken

RTL Lëtzebuerg
De Risiko vun enger schwéierer Erkrankung um Covid-19 kéint enger Etüd no mat der Bluttgrupp vum Infizéierten zesummenhänken.
© AFP (Archiv)

Wëssenschaftler si bei enger Etüd mat Dausende Patienten an Europa zum Resultat komm, datt bei deene mat der Bluttgrupp A de Risiko vun enger schwéierer Erkrankung méi héich war a bei deene mat der Bluttgrupp 0 méi niddreg.

D’Etüd gouf am “New England Journal of Medicine” publizéiert. Si ass awer kee Beweis fir een Zesummenhang tëscht der Bluttgrupp an dem Erkrankungsverlaf, ma Hiweiser op esou een Zesummenhang ware virdru scho bei enger Analys a China entdeckt ginn.

Un der Etüd ware Wëssenschaftler aus Däitschland, Italien, Spuenien, Dänemark an anere Länner bedeelegt. Su hu knapp 2.000 Patiente mat enger schwéierer Covid-19-Erkrankung mat e puer Dausend Mënschen, déi gesond waren oder liicht oder keng Symptomer haten, verglach.

Persoune mat der Bluttgrupp 0 kënne besser verschidde Proteinnen als friem erkennen, wat och fir Proteinnen op der Uewerfläch vu Vire gëlle kënnen, sou d’Dr. Mary Horowitz, wëssenschaftlech Responsabel vum Center for International Blood and Marrow Transplant Research.

Back to Top
CIM LOGO