
Wéi dat hessescht Landeskriminalamt (LKA) vu Wiesbaden matdeelt, wier an deem Kontext och e Mandat d’arrêt vollstreckt ginn.
D’Perquisitiounen hu sech géint am Ganze 87 Beschëllegter - dorënner 75 Männer an 12 Fraen - geriicht. 8 vun hinne gëtt sexuelle Mëssbrauch vu Kanner a Jugendleche reprochéiert. Déi aner 79 gi wéinst dem Kaf oder dem Verbreede vu Kanner- a Jugendpornoe verdächtegt.
Am Ganze goufe 749 Datespäicher, dorënner 161 Smartphonen, 74 Computer a Laptoppen a 97 USB-Sticke saiséiert. Dës ginn elo ausgewäert.