
E Mëttwoch huet dat franséischt Cassatiounsgeriicht eng Revisiounsdemande vun der Sophie Patterson-Spatz refuséiert, déi dem franséischen Inneminister Gérald Darmanin Vergewaltegung reprochéiert huet. Déi franséisch Justiz hat an der Affär schonn e puer Mol ermëttelt.
D’Sophie Patterson-Spatz behaapt, 2009 vum Darmanin vergewaltegt ginn ze sinn, nodeems si hien ëm Bäistand an enger Rechtsaffär gefrot hat. De franséischen Inneminister dementéiert d’Vergewaltegung, gëtt awer zou, Geschlechtsverkéier mat der Fra gehat ze hunn, nodeems si hien ëm e politesche Gefale gefrot hat. Dem Gérald Darmanin no hätt d’Fra sech him opgedrängt an hie wier hirem “Charme erleeën”.
Bei den Ermëttlungen ass et ënnert anerem och ëm SMSe gaangen, déi e puer Méint nom Akt ausgetosch goufen. Doran huet d’Sophie Patterson-Spatz dem Gérald Darmanin geschriwwen: “Wie seng Positioun ausnotzt, ass fir mech en Drecksak (...) Wann ee bedenkt, wéi vill Iwwerwannung et mech kascht huet, mat Dir ze schlofen*, fir dass Du Dech ëm mäi Fall këmmers.”
Geäntwert hat de konservative Politiker deemools: “Du hues Recht, ech si sécher en Drecksak. Wat kann ech maachen, fir dass Du mir verzeis?” Zwar huet den Darmanin der Riichterin no deemools indirekt zouginn, d’Situatioun ausgenotzt ze hunn, trotzdeem, sou d’Begrënnung fir de Stopp vum Prozess, dierft “Recht a Moral net matenee verwiesselt” ginn. D’Patterson-Spatz hätt “sech aus fräie Stécker fir de Geschlechtsakt decidéiert”, fir datt d’Ermëttlungen an enger anerer Justizaffär nees opgeholl ginn.