Donald Trump"Et ass de China-Virus, net de Corona-Virus"

RTL Lëtzebuerg
Den US-President Trump huet nees emol verbal schaarf géint China geschoss.

Peking hätt missten derfir suergen, dass de Virus op kee Fall hiert Land verléisst, sot den Trump a senger Ried virun der UNO-Vollversammlung, an och owes op engem Walkampfoptrëtt am Bundesstaat Pennsylvania.

Seng Verwaltung hätt op alle Fall e gudden Job gemaach, an domadder honnertdausenden Doudeger méi kënne verhënneren, och wann déi iwwer 200.000 Virus-Affer schrecklech wieren.

Säi Konkurrent bei de Presidentiellen, den Joe Biden sot sengersäits, dass d’USA e President bréichten, deen de Problem éierlech probéiert ze léisen... dat kéint den Trump net.

Back to Top
CIM LOGO