Ëmweltminister Serge Wilmes op der COP30"Et ass net déi Ambitioun, déi mir gär gehat hätten"

Maxime Gillen
Déi europäesch Vertrieder hätten an de finale Rapport vun der Weltklimakonferenz keng gréisser Ziler kënnen integréieren, esou den Ëmweltminister.
(vu lénks no riets) Sarah Mackel; Lara Bertemes; Georges Gehl; Magali Weirich; Thomas Schoos; Ëmweltminister, Serge Wilmes; Sébastien Kieffer; Steve Hoscheit; Barbara Belloni; Claudia Hitaj; Andrew Ferrone; Jill Engel
(vu lénks no riets) Sarah Mackel; Lara Bertemes; Georges Gehl; Magali Weirich; Thomas Schoos; Ëmweltminister, Serge Wilmes; Sébastien Kieffer; Steve Hoscheit; Barbara Belloni; Claudia Hitaj; Andrew Ferrone; Jill Engel
© Ministère de l’Environnement, du Climat et de la Biodiversité

Serge Wilmes vun der COP30

Trotz Verlängerung krute sech bei der Weltklimakonferenz zu Brasilien déi ronn 200 Länner net op e Plang gëeenegt, fir vun de fossillen Energien ewechzekommen. Am finalen Accord ass just eng fräiwëlleg Initiativ festgehalen, fir d‘Klimaschutz-Efforten z‘acceleréieren.

Dëst wier kee staarkt Signal, esou de Lëtzebuerger Ëmweltminister Serge Wilmes um Samschdeg vu Belém. Bei dëser COP wier kloer ginn, datt d‘Weltgemeinschaft just nach kapabel ass e klenge Schrëtt op d‘Säit ze maachen, mä kee grousse Sprong méi no vir.

“Dat ass kloer net dat, wat d’Europäesch Unioun gäre wollt hunn. Et ass och kee Plang domadder verbonnen. A wat och net drasteet ass e Plang fir och d’Ofholzung weltwäit an de Réckgang vun de Bëscher ze stoppen. Och do ass kee Plang dran. Just eng kuerz Erwänung. Wat d’Europäesch Unioun trotzdeem fäerdegbruecht huet: Als Weltgemeinschaft mussen all eenzel Länner reegelméisseg hir Klimapläng eraginn an déi mussen an Zukunft méi ambitionéiert ausgesinn. A si mussen dem Zil kënne gerecht ginn, fir déi 1,5 Grad nach ëmmer a Reechwäit ze halen. Dat hu mer scho mat erabruecht, mä et ass net déi Ambitioun, déi mir gär gehat hätten. Dat musse mer ganz kloer agesinn als Europäesch Unioun, datt eis dat net gelongen ass.”

D‘Europäesch Unioun hat sech déi lescht zwou Wochen dofir agesat, datt Mesuren decidéiert ginn, fir d’CO2-Emissiounen ze reduzéieren an datt sech allgemeng engagéiert gëtt fir an Zukunft keng Kuel, Pëtrol a Gas méi ze benotzen. Dogéint waren an der Haaptsaach China, Indien, Saudi-Arabien a Russland.

Déi Länner hätte sech gutt organiséiert, esou de Lëtzebuerger Minister. Si wiere sech schonn am Virfeld eens gewiescht, fir den Europäer hir Ambitiounen anzeschränken. D’EU kéint op d’Ënnerstëtzung vun deene schwächste Länner vun der Welt zielen, besonnesch deene vulnerabelen Inselstaaten an zum Deel och deene latäinamerikanesche Staaten, déi haut schonn ënnert dem Klimawandel leiden.

“Mir mussen als Europäesch Unioun eis Strategien iwwerdenken, wéi mir op esou Klimakonferenze ginn. An ech mengen, datt mer musse méi op bilateral Bezéiunge setzen als Eenzellänner mat Partnerlänner weltwäit, wou scho vill Sue jo och vun eise Steierzueler higinn, fir deene Länner ze hëllefen, sech unzepassen un de Klimawandel respektiv fir hir wirtschaftlech Transitioun ze maachen a Richtung vun der ökologescher Wirtschaft. An dat musse mer vill méi fleegen an ausbauen, dee Reseau, fir dann och kënne méi staark Allianzen ze kréien, wa mer gären hätten, datt eis Ambitiounen an déi Texter an Zukunft solle kommen.”

Den Accord vun dësem Samschdeg wier den absolutte Minimum, an et géif och bedeiten, datt een net an där Vitess géif weiderkommen, wéi een dat misst. Op där anerer Säit, gëtt de Serge Wilmes ze bedenken, datt déi Weltkonferenze weiderhi gebraucht géifen, fir um Enn vum Joerhonnert net bei enger globaler Äerderwiermung unzekommen vun 3 oder 4 Grad ouni Paräisser Accord.

PDF: Liest hei d'Schreiwes vum Gouvernement

Back to Top
CIM LOGO