Mercosur-FräihandelszonEt ass net sécher, ob d'EU-Parlament dem Mercosur-Accord zoustëmmt

Ryck Thill
Nodeems e Samschdeg am Paraguay de Mercosur-Accord tëscht der EU a véier südamerikanesche Staaten ënnerschriwwe gouf, muss d'EU-Parlament elo nach gréng Luucht ginn.
Et ass net sécher, dass d'EU-Parlament dem Mercosur-Accord zoustëmmt.
Nodeems am Paraguay de Mercosur-Accord tëscht der EU a véier südamerikanesche Staaten ënnerschriwwe gouf, muss d’EU-Parlament elo nach gréng Luucht ginn.

Wann de Mercosur-Accord bis a Kraaft ass, entsteet eng vun de gréisste Fräihandelszonen op der Welt. Iwwer 700 Millioune Mënsche wunnen an dësem Wirtschaftsraum, wou Wuere méi einfach an deels ouni Douanestaxe kënnen echangéiert ginn.

25 Joer laang gouf verhandelt an ëmmer nees nogebessert, iert d’Ofkommes e Samschdeg konnt ënnerschriwwe ginn. D’Signatur ass awer, wann een esou wëll, just symbolesch, well nach ass den Accord net a Kraaft. D’Europäescht Parlament muss nach iwwert den Text ofstëmmen.

“Et ass elo net onüblech, an dem tëschestaatleche Verkéier, datt fir d’éischt d’Exekutiv eppes ënnerschreift an duerno gëtt eng Ratifizéierung duerch e Parlament virgeholl”, seet den Adr- EU-Deputéierte Fernand Kartheiser.

Fréistens am Abrëll kéint et am Europaparlament zur Ofstëmmung kommen. Et wär guer net sécher, datt sech zu Stroossbuerg eng Majoritéit fir de Mercosur-Accord fënnt, erkläert den DP-Europadeputéierte Charel Goeren:. “D’EU-Parlament fonctionéiert net wéi en Nationalparlament, wou Der eng Majoritéit an eng Oppositioun hutt. Normalerweis war et esou, datt mer genuch Zoustëmmung kritt hunn an där sougenannter politescher Mëtt. Do sinn awer e puer Länner, déi ganz massiv géint de Mercosur sinn, wéi zum Beispill Frankräich. Do wäerte verschidde Kräfte versichen eng Antidynamik anzebréngen. Et weess kee wéi dat do ausgeet.”

Virop d’Landwirtschaft mécht a ville Länner Drock op d’Politik. An de leschte Méint gouf den Text zwar nogebessert fir de Bauere gewësse Sécherheetsgarantien ze ginn, ma ville Betraffene geet dat net duer.

Den LSAP-Europadeputéierte Marc Angel stoung dem Mercosur-Accord och laang kritesch géigeniwwer. Hien huet seng Meenung awer geännert a wäert duerfir stëmmen. “Ech mengen an där haiteger geopolitescher Zäit, wou den Här Trump eng total unilateral, protektionistesch Politik mécht, wou d’Chineesen ëmmer méi Buedem, also ëmmer méi Influenz och a Latäinamerika kréien, musse mir als Europäer do verankert bleiwen. An ech mengen an dësen Zäiten ass et wichteg, esou en Accord ze maachen”, esou de Marc Angel.

Déi Gréng sinn allgemeng géint d’Ofkommes. Et wier en almoudeschen Handelsaccord mat ville Gefore fir eng Partie Wirtschaftssecteuren. “Dat Handelsofkommes do ass kee gutt Ofkommen”, esou d’Tilly Metz. “An elo aus Panik ze reagéieren, ze soen: ‘majo mir mussen elo ganz schnell en Handelsofkommes mat Latäinamerika hunn, soss iwwerhëlt China alles.’ Dat ass ganz einfach,.D’Angscht ass ni e gudde Rot an der Politik”.

En éischte Vott an domadder en éischte Stëmmungsbarometer, ob de Mercosur-Accord eng Majoritéit am Europaparlament fënnt, gëtt et den nächste Mëttwoch. “Mir wäerte jo d’nächst Woch ofstëmmen, awer nëmmen indirekt”, erklärt d’CSV-EU-Deputéiert Martine Kemp. “An zwar stëmme mer d’nächst Woch driwwer of, ob mer virun den Europäesche Geriichtshaff ginn, fir do eng Kéier kontrolléieren ze loossen, ob am Fong d’Handelsofkommes vum Mercosur konform ass mat eisen EU -Verträg.”

Sollt d’EU-Parlament decidéieren, datt den Europäesche Geriichtshaff muss tranchéieren, da géing dat e weidere Retard vu ronn zwee Joer bedeiten, iert den Accord méiglecherweis kéint a Kraaft trieden.

Back to Top
CIM LOGO