Ween duerch dee liewege Quartier Georgetown spadséiert, stéisst mat grousser Warscheinlechkeet op d’Konschtgalerie “L’Enfant.” an hire Patron Peter Colasante. E Mann mat Talent fir Geschichten z’erzielen. Kennedys wéi Bushs wäre Clientë gewiescht.
“Ech sot, mir respektéieren Iech, mir hunn Iech gär, mee dir loosst dat dobaussen. Well hei ass d’Kinnekräich vun der Konscht. Meng Ambassade, mäi klengt Land. Esou sinn ech apolitesch ginn.”
De Galerist, deen u sech Schauspiller wollt ginn, kuckt besuergt op d’Presidentschaftswalen. Hie weist eis e Bild aus senger Kollektioun. Et dokumentéiert eng wichteg Zeen, déi sech 1850 am amerikanesche Senat ofgespillt huet. De Peter erkennt Parallelle mat haut.
“Zu där Zäit war d’Land gespléckt tëscht dem sougenannte ‘fräien Amerika’ an deene Staaten, wou d’Sklaverei erlaabt war. An haut hu mer dësen enorme Rass verursaacht duerch d’politesch Parteien an ideologeschen Iwwerzeegungen.”
1850 huet e Kompromëss missen hier. Den Daniel Webster, deemolege Senateur aus dem Massachusetts, hätt en Ofkommes initiéiert, mat deem hie sech extrem onbeléift gemaach hätt. De Biergerkrich wier doduerch awer op d’mannst mol fir e puer Joer verhënnert ginn, erzielt de Peter. A bedauert, et géif haut keng Männer méi vun deem Format ginn, déi d’Interesse vun der Natioun virun déi eege Karriär stelle géifen.
Abraham Lincoln, George Washington, John F. Kennedy... Den Antiquaire huet eng Hellewull Portraiten a Bustë vu fréiere Politiker, déi d’Geschicht vun de Vereenegte Staate markéiert hunn. Vun den aktuelle Presidentschaftskandidaten hält de Peter net ganz vill. Den Trump wär onberechenbar. De Biden hätt eng immens Erfarung, stéing meeschtens op der richteger Säit, mee den Demokrat wär eben ze al fir den Job am Wäissen Haus. De Peter ass der 75, hie muss et wëssen.
“De Biden schéngt eng ganz houfreg Persoun ze sinn. Hie wäert net opginn. Hie realiséiert eventuell intuitiv, datt hien d’Wal un den Trump ofgëtt, mee e bréngt et net fäerdeg, fir sech zréckzezéien.”
Den Antiquaire gesäit schwaarz fir d’Presidentschaftswalen. Ma d’Republik géif iwwerliewen. Eng Persoun eleng kéint d’USA net an den Ënnergang dreiwen. Do ass de Peter zouversiichtlech.