Net mat russesche GelderEU huet Alternativ fonnt, fir der Ukrain 90 Milliarden Euro ze léinen

François Aulner
D’Ukrain kritt déi nächst zwee Joer vun der EU weider finanziell gehollef.
© JONAS ROOSENS/ANP via AFP

Déi 27-EU Staats- a Regierungscheffe si sech um EU-Sommet no laangen a komplizéierten Diskussiounen Eens ginn, fir 90 Milliarden Euro ze léinen. Kuerz no 3 Auer Moies gouf ee gewuer, datt et net mat den agefruere russesche Staatsgelder geet, mee iwwert Emprunten, déi d’EU gemeinsam mécht. Oder bal gemeinsam.

EU-Sommet zu Bréissel / Reportage François Aulner

Well Ungarn, d’Slowakei an Tschechien maachen net mat. Déi ganz Konscht louch doranner, fir e Wee ze fannen, ouni si d’Ukrain weider ze finanzéieren – Budgetsdecisioune brauchen am Normalfall den Accord vu jidderengem. De Premier Luc Frieden sot bei sengem Depart nom Sommet, déi Europäesch Unioun géing Prêten iwwert den europäesche Budget maachen, do wieren nach Suen disponibel fir ze biergen. Allerdéngs géingen d’Sue vun den Länner, déi net matmaachen, net benotzt ginn. Dat wier schonn e puer Mol esou gemaach ginn.

Beim Optakt vum Sommet en Donneschdeg de Moie a bis relativ spéit owes war nach d’Optioun vun den agefruere russesche Staatsgelder déi privilegiéiert Optioun. Et gouf laang versicht d’Belsch ze rassuréieren, well de Gros vun de russesche Staatsgelder bei Euroclear leien. Vu Réckzéier oder Angscht viru Russland wollt de Luc Frieden näischt wëssen. Eng Léisung hätt misse juristesch ganz sécher sinn. Dat, mä och d’Fro vun de Garantien am Fall wou et eng Klo géint d’Belsch oder Euroclear géing ginn, wieren net kloer beäntwert ginn. Déi russesch Staatsgelder bleiwen allerdéngs agefruer a kéinte spéider benotzt gi fir Reparatiounen un d’Ukrain.

De Lëtzebuerger Premier sot, fir hie wier den EU-Sommet e Succès, esouwuel fir d’Belsch, mee awer och fir Däitschland, dat jo eigentlech déi russesch Staatsgelder wollt asetzen. Ma dem Luc Frieden no wier et e Succès, well d’Zil erreecht gi wier: d’Ukrain kritt gehollef a Russland kritt d’Signal, datt d’EU sech net ofhänke léisst. Wéi Russland an d’USA elo op den Engagement vun der EU reagéieren oder ob dat der Ukrain tatsächlech méi Levier bei de Friddensverhandlunge gëtt, dat muss een nach gesinn.

Mercosur op Januar verluecht

© Pierre Jans

Um EU-Sommet koum dann och d’Nouvelle, datt de Mercosur verluecht gëtt. D’EU-Kommissiounspresidentin Von der Leyen sollt den Handelsaccord mat Südamerika dëse Samschdeg a Brasilien ënnerschreiwen. En Donneschdeg huet si um EU-Sommet den EU-Staats- a Regierungscheffe matgedeelt, datt dat op de Januar verluecht gëtt. Frankräich an Italien hunn nämlech méi Protektioun fir hir Landwirtschaft gefuerdert. Déi südamerikanesch Partner wieren iwwert den neien Delai informéiert ginn.

Eng 7.300 Baueren aus ganz Europa, haaptsächlech Belsch a Frankräich, hunn och en Donneschdeg an der belscher Haaptstad mat Traktere protestéiert.

Back to Top
CIM LOGO