Vu Bréissel heescht et en Dënschdeg de Moien, datt een dowéinst elo Ermëttlungen an d’Weeër geleet hätt. D’EU geet dovun aus, datt Google seng Quelle fir d’KI-Iwwersiicht an der Google-Sichfunktioun net genuch bezilt a gesäit och e Problem doran, datt de Konzern seng KI mat Youtube-Videoen trainéiert. Sollte sech dës Reprochë confirméieren, drot Google eng héich Geldstrof vu bis zu 10 Prozent vun hirem weltwäiten Joresëmsaz.
Zanter e puer Méint gëtt bei quasi all Recherche, déi een op Google mécht, uewen direkt eng Iwwersiicht vun der KI erstallt. Dës Iwwersiicht baséiert op Contenu, deen am Internet fräi zougänglech ass, wéi beispillsweis iwwer Wikipedia oder aner Norichtesäiten. D’EU geet elo dovun aus, datt Google dës Donnéeën notzt, ouni se “adequat ze bezuelen oder hinnen d’Méiglechkeet ze ginn, sou eng Notzung vun hiren Donnéeën ofzeleenen”. Dobäi géif kommen, datt sech keen aneren Internetsite mat Google streide wéilt, well jiddereen dorop ugewise wier, an der Google-Sich ugewisen ze ginn.
E weidere Punkt vun den Ermëttlunge läit bei der Videoplattform Youtube, déi och zu Google gehéiert. D’EU-Kommissioun geet dovun aus, datt Google Videoen notzt, déi op Youtube eropgeluede goufen, fir hir eege KI ze trainéieren, och hei, ouni d’Proprietairë vun de Videoen ze bezuelen. D’Notzer hätten an deem Fall kee Choix ze widderspriechen, wa si d’Plattform weider notze wéilten.
D’Zil vun der Kommissioun ass et, d’Urhiewer vun de Contenuen ze schützen, déi onfair behandelt géinge ginn. Och eng fair Konkurrenz par rapport zu anere KI-Entreprise soll séchergestallt ginn, well anerer net op Youtube-Videoen zougräife kéinten.