Mercosur-OfkommesEU proposéiert fréien Zougrëff op Budget fir d'Landwirtschaft

AFP, iwwersat vun RTL
Virum Hannergrond vum ëmstriddenen a geplangte Fräihandelsofkommes mat de Mercosur-Staaten, huet Bréissel de Baueren an der EU elo fréien Zougrëff op finanziell Mëttel an Aussiicht gestallt.
© NICOLAS TUCAT/AFP

Dat geet aus engem Bréif vun der EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen ervir, deen en Dënschdeg publizéiert gouf. Deemno gesäit Bréissel ënnert anerem vir, virzäiteg 45 Milliarden Euro fir d’EU-Bauere fräizeginn.

Virun allem d’Agrar-Lobbyen a Frankräich, Polen, Ungarn an Italien si géint de Mercosur-Accord tëscht der EU an enger Partie südamerikanescher Länner. En Accord, deen zënter iwwer 25 Joer scho verhandelt gëtt. Et huet een haaptsächlech Angscht virun der Konkurrenz duerch bëlleg Fleesch-Importer aus dëse Länner.

A sech wollt d’EU-Kommissiounspresidentin Von der Leyen d’Ofkommes Enn Dezember bei engem Treffen a Brasilien schonn ënnerzeechnen. Dofir huet si awer gréng Luucht aus dem Conseil vun de 27 EU-Länner gebraucht. Do hat sech kuerz virdrun allerdéngs eng Spär-Minoritéit aus Frankräich, Italien, Polen an Ungarn ofgezeechent. Beim EU-Sommet am Dezember zu Bréissel huet sech Italien du grondsätzlech bereet erkläert, vir anzelenken, sou dass dës Woch eng néideg Majoritéit dierft entstoen. D’Regierungscheffin Giorgia Meloni hat e wéineg méi Zäit gefuerdert, fir d’Baueren an hirem Land z’iwwerzeegen.

D’Zougeständnesser säitens der EU-Kommissioun wierken elo e wéineg, wéi e leschte Versuch, d’Meloni bei dëser “Iwwerzeegungsaarbecht” ze hëllefen. Am Entworf vun der Kommissioun fir den EU-Budget vun 2028 bis 2034 ass en Accord fir d’Baueren vun 293,7 Milliarden Euro virgesinn, ronn 90 Milliarde manner, wéi am aktuelle Budget. Ma niewent dëse Finanzmëttel soll et awer och aner Subventioune ginn, op déi och d’Landwirtschaft kann zougräifen.

Bauere sollen deemno scho vun 2028 un op ronn 45 Milliarden Euro Zougrëff kréien, eng Zomm, déi an sech eréischt sollt an der Mëtt vun der Lafzäit vu siwe Joer fir d’Baueren accessibel ginn.

Fir e Mëttwoch ass e Spezial-Sommet vun den EU-Landwirtschaftsministeren zu Bréissel ugesat, fir iwwert de Mercosur-Accord an awer och déi gemeinsam Agrarpolitik (GAP) ze diskutéieren. EU-Diplomaten no kéinten dës Gespréicher eng Ofstëmmung vun de Memberlänner iwwert den Handelsaccord e Freideg preparéieren. D’EU gesäit an sech eng Ënnerzeechnung vum Accord fir den 12. Januar a Paraguay vir.

Back to Top
CIM LOGO