
De Charles Michel wäert also un der Spëtzt vun der liberaler franséisch-sproocheger Partei “Mouvement Réformateur” stoen.
Véier Joer no sengem Untrëtt als Rotspresident wéilt hie Rechenschaft iwwert seng Aarbecht ofleeën an d’Zukunft vun Europa virundreiwen. Säin aktuellt Amt vum President hält hien nach bis de Juli, wann en als EU-Deputéierte géif vereedegt ginn.
D‘Europawale si vum 6. bis den 9. Juni. Iwwer 400 Millioune Leit bestëmmen da fir déi nächst fënnef Joer déi 720 Membere vum Europäesche Parlament.