Spëtzekandidat vun europäesche LénkenEU soll zu enger "Recht-op-Wunnen-Unioun" ginn, esou de Walter Baier

Diana Hoffmann
De Walter Baier, Kandidat vun der europäescher Lénker fir de Posten op d’EU-Kommissiounspresident, war e Samschdegowend fir e Walmeeting zu Lëtzebuerg.
EU soll zu enger "Recht-op-Wunnen-Unioun" ginn, esou de Walter Baier
De Walter Baier, Kandidat vun der europäescher Lénker fir de Posten op d’EU-Kommissiounspresident, war e Samschdegowend fir e Walmeeting zu Lëtzebuerg.

De 70 Joer alen éisträichesch Politiker ass zanter Enn 2022 Chef vun der Europäescher Lénker a gehéiert der Kommunistescher Partei Österreichs (KPÖ) un. Der Fraktioun vun der Lénker GUE/NGL am Europaparlament gehéieren den Ament 37 Politiker aus ville verschiddenen lénken, sozialisteschen a kommunistesche Parteien un. Deemno ass et dacks schwéier, eng gemeinsam Positioun ze fannen.

De Walter Baier, EU-Spëtzekandidat vun der Gauche, erkläert, dass d’Parteien, déi zu der Lénksfraktioun gehéieren, sech vun den anere Parteien ënnerscheeden, andeem si d’soziaalt Uleies vun de Mënschen an de Mëttelpunkt stellen. D’Mënschen hätten e Recht, fir enger uerdentlecher remuneréiert a sécherer Aarbecht kënnen nozegoen, esou wéi och op eng sozial gerecht garantéiert ekologesch Transitioun.

A mir vertrieden de Standpunkt, dass sozial Gerechtegkeet souwéi d’Sécherung an d’Erhale vum Planéit net mat enger neoliberaler kapitalistescher Gesellschaft vereenbar ass”, huet de Walter Baier betount.

Fir eng sozial gerecht Gesellschaft ze schafen, huet den Éisträicher da schonn déi eng oder aner Iddi, wou d’Sue sollen hierkommen. Sue wëllt hien dann ënner anerem aus der Besteierung vu Multinationalen zéien. Eng Etüd géing weisen, dass d’Besteierung vun 20 bis 40 Prozent vun den ausseruerdentleche Gewënn vun Energiekonzerner wärend der Kris a vun de leschte Jore géing en Akommes vun 100 Milliarden Euro pro Joer ausmaachen. Wat e groussen Deel vum EU-Budget wier.

Dass Europa militäresch oprëschte misst an d’Fuerderung vun der Nato un d’Memberstaaten, zwee Prozent vun hirem PIB an d’Verdeedegung z’investéieren, gesäit de Walter Baier kritesch. “Wann ee sech d’Zuelen ukuckt, da stellt ee fest, dass schonn haut déi europäesch Nato-Member iwwer duebel souvill an d’Rüstung investéiere wéi Russland. Ma Russland ass an dësem ongerechte Krich vir”, sou seng Aschätzung.

D’Behaaptung, dass et e Réckstand bei der Rüstung géing ginn, géing deemno net stëmmen. Haaptaufgab vun der europäescher Politik wier et, eng europäesch Sécherheetsuerdnung ze schafen, déi d’Rüstung géing reduzéieren.

De Mënschen, déi an Europa kommen, de Refugiéeën, missten iwwerdeems sécher Iwwergäng erméiglecht ginn. A se missten d’Méiglechkeet hunn, dass d’Grënn vun hirer Flucht fair iwwerpréift gëtt. “Doriwwer eraus sinn ech awer der Meenung, dass all seriöen Ökonom a Sozialwëssenschaftler seet, dass Europa Migratioun brauch”, huet de Walter Baier ënnerstrach. A ville Beräicher bräicht een Aarbechtskraaft ënner anerem zum Beispill am Fleegesecteur.

Dass an de leschte Joren a villen EU-Memberstaaten en Opstriewe vu rietsen a rietspopulistesche Parteien an Europa ze gesinn ass, erkläert sech de Walter Baier aus der Entwierdegung vum Mënsch. Hien erkläert, dass et net z’erdroe wier, dass vill jonke Leit d’Hallschent vun hirem Akommes all Mount fir Wunnen an Energie mussen ausginn. An dass et onwürdeg wier, dass vill Leit sech misste Suerge maachen, ob hire Vertrag vun der Locatioun verlängert géing ginn. Eng Léisung fir d’Stäerkung vun der Demokratie an Europa an d’Akzeptanz vu Migranten a Migrantinne wier hei eng gutt Sozialpolitik.

Och beim Léise vun der Wunnengsproblematik a ville Länner vun Europa, a besonnesch och a grousse Stied, kéint d’EU eppes maachen. “Ech géing proposéieren, dass een d’Recht op Wunnen an d’EU-Primärrecht schreift”, sou de Walter Baier. Domat kéint all Europäer an Europäerin dëst akloen.

Doriwwer eraus kéint d’EU-Kommissioun eng Direktiv decidéieren, an där festgeluecht gëtt, dass d’Memberstaaten zu engem Plaffong, wat d’Zënsen op d’Locatioun betrëfft, verflicht sinn. Eng weider Iddi wier, dass Europa e Fong aféiert, mat deem Gemengen a Genossenschafte finanziell gehollef kréien, fir abordabele Wunnraum zur Verfügung ze stellen. D’Europäesch Unioun soll zu enger “Recht-op-Wunnen-Unioun” ginn, sou de Politiker.

Back to Top
CIM LOGO