Informellen EU-Sommet zu BréisselEU-Staats- a Regierungscheffen nach net eens iwwer nei Spëtzeposten

RTL Lëtzebuerg
D'Staats- a Regierungscheffe vun der EU konnte sech op hirem informelle Sommet zu Bréissel nach net op déi nei Spëtzeposten eenegen.

De Rotspresident Charles Michel sot an der Nuecht op en Dënschdeg, dass eréischt um reguläre Sommet d’nächst Woch méi Kloerheet soll herrschen.

Relativ sécher ass awer, dass d’Ursula von der Leyen weiderhin dierft Kommissiounspresidentin bleiwen. Sie krut e Méindeg scho vu ville Säiten de Réck gestäipt.

D’Noriichtenagence AFP schreift dann awer um Dënschdeg de Moien, dass et wuel Sträit gëtt, ëm d’Successioun vum Charles Michel als Rotspresident. Méi konservativ Regierungscheffen, déi also der EVP no stinn, hätten nämlech gär, dass eben hir Partei besser soll ewechkommen bei de Spëtzeposten, opgrond vum gudde Walresultat bei den Europawalen.

Bis ewell war de fréiere portugisesche Premier Antonio Costa als Favorit op d’Successioun gehandelt ginn. Elo kéint et sinn, dass d’Mandat op zweemol 2,5 Joer opgespléckt gëtt. D’nächst Woch soll et wéi gesot méi Kloerheet ginn.

Back to Top
CIM LOGO