Nodeems d’EU-Kommissioun amplaz vu véier annoncéierte Gesetztexter just een iwwer d’Déierewuel iwwerschafft huet an déi Proposen op den Dësch geluecht huet, weist och de belschen EU-Virsëtz den Notzdéieren eng kal Schëller: Déierentransporter géifen an den nächste Méint net zu Bréissel diskutéiert, den Dossier wier keng Prioritéit. Europaparlament, Déiereschutzorganisatiounen a Bierger zéien e fermen negative Bilan, well d’Transportkonditiounen esouwuel fir Schluechtdéieren, wéi fir Zuuchtvéi, an Europa a fir eriwwer an d’Drëttstaate fir déi nächst Joer bleiwe wéi se sinn.
Brutal a schrecklech Zeenen – gefilmt vun “Animal Welfare Foundation"- weisen den akuten Handlungsbedarf...
Stonnelaang Transporter an auslännesch Schluechthaiser, mat Schëffer an Drëttstaaten, ouni Waasser a Friessen – dat ass nëmmen e klengen Deel vum Alldag vun dësen Déieren. Europa wier dat egal, stellen esouwuel d’Landwirtschaftsministesch Martine Hansen, wéi déi Gréng Europadeputéiert Tilly Metz fest.
D’Lëtzebuerger Regierung bleift bei hirer Positioun: Vun hei aus gëtt keen Notzdéier méi an Drëttlänner transportéiert, fir do geschluecht ze ginn.
Allerdéngs wieren och d’Transportbedéngunge fir Zuuchtvéi alles anescht wéi optimal, monéiert d’Tilly Metz. Zwee Mol 21 Stonne mat enger klenger Paus fir ze saufen an ze friessen, wiere kloer net een Akt am Sënn vum Déiereschutz, respektiv Déierewuel.
Lëtzebuerg probéiert elo Alliéierter ze fannen, déi hëllefen, den Dossier awer op den Agenda vun der belscher EU-Presidence ze kréien. Allerdéngs schéngen esouwuel Ministesch, wéi Europadeputéiert ganz skeptesch, dass dat geléngt.