
Domat huet Europa Latäinamerika iwwerholl mat 11,4 Milliounen Infizéierten a 407.000 Doudegen. Am Mäerz an Abrëll war Europa schonn den Epizentrum vun der Pandemie, am Summer hat sech d’Lag allerdéngs berouegt.
Zanter Oktober ass Europa awer déi Regioun an der Welt, an där den Dag am meeschten Neiinfektioune gemellt ginn. Eleng lescht Woch waren et der 277.000 den Dag, wat iwwert d’Hallschecht vun de confirméierte Fäll weltwäit (517.000 Infektiounen) bannent 24 Stonnen ass.
D’Zuel vun neie Fäll schéisst weider rasant an d’Luucht an Europa. Lescht Woch war den Taux 20 Prozent méi héich wéi nach déi Woch virdrun. Och d’Zuel vun den Doudesfäll klëmmt séier. An der virleschter Woch goufen et 14.403 Doudesaffer, lescht Woch waren et der 21.500.
Am meeschte Corona-Fäll goufe lescht Woch a Frankräich, Groussbritannien, Spunien a Polen gemellt. Bei eise franséischen Nopere waren et bal 44.000 Neiinfektiounen den Dag (+11%), an Italien louch de Schnëtt bei 28.600 (+43%), a Groussbritannien bei 22.400 (+2%), a Spuenien bei 21.100 (+13%) an a Polen bei ongeféier 20.000 (+46%).
Dat geet aus den Zuele vun AFP ervir.