US-President Trump op Truth SocialExekutioun vu verurteeltem Amokleefer Nidal Hasan gëtt net live iwwerdroen

RTL Lëtzebuerg
Nodeems d'US-Regierung uganks nach geplangt hat, d'Hiriichtung vum Nidal Hasan live z'iwwerdroen, ruddert den US-President elo zeréck.
(FILES) This April 9, 2010 file photo released by the Bell County Sheriffs Department, shows US Major Nidal Hasan after being moved from Brooke Army Medical Center in San Antonio to Bell County Jail in Belton, Texas.
Den zum Doud verurteelten Amokleefer Nidal Hasan am Joer 2010.
© BELL COUNTY SHERIFFS DEPARTMENT/AFP/

Den Nidal Malik Hasan, deen 2009 jo 13 Persounen op der Militärbasis Fort Hood erschoss huet, wier dem Trump no "e Verräter" an "extreem béisaartege Mann", an eng Liveiwwerdroung vun der Hiriichtung hätt ofgeschreckt an der "Welt gewisen, wéi Amerika mat Terroristen ëmgeet". Ma trotzdeem wéilt een d'Exekutioun awer net livestreamen, well Zitat "vill Leit, déi et gutt mengen, hie léiwer net wëllen duerch e Livestream" stierwe gesinn. Den Hasan géif awer wéi geplangt erschoss ginn an déi Hannerbliwwe vun den Affer dierfte sech d'Hiriichtung ukucken, sou den US-President weider.

D'Annonce vum US-Defenseminister Pete Hegseth hat fir massiv Kritik an entsate Reaktioune gesuergt.

Den deemolege Psychiater vun der Arméi Nidal Malik Hasan, en US-Bierger mat palästinenseschen Originnen, hat 2009 op der Arméibasis Fort Hood am US-Bundesstaat Texas bei engem Amoklaf zwielef Zaldoten an een Zivilist erschoss, esou wéi 30 Zaldote verletzt. En US-Militärgeriicht hat hien 2013 fir schëlleg befonnt an d'Doudesstrof ausgeschwat.

Back to Top
CIM LOGO