Erschéissungskommando am TexasUSA wëllen Hiriichtung vun Amokleefer live iwwerdroen

AFP, iwwersat vun RTL
An den USA sëtzt de Schock iwwer déi mëssgléckt Exekutioun vun der Christa Pika bei villen nach déif - elo wëll d'US-Regierung eng weider Hiriichtung per Erschéissungskommando souguer live iwwerdroen.
Die USA wollen die Hinrichtung des zum Tode verurteilten Amokläufers Nidal Hasan live übertragen. US-Verteidigungsminister Hegseth sagte, Hasan bekomme "ein Erschießungskommando mit Soldaten (...), und wir werden dafür sorgen, dass die Leute zusehen können, dass es öffentlich ist".
Den Nidal Hasan soll den 3. Dezember vun engem Militärkommando erschoss ginn.
© BELL COUNTY SHERIFFS DEPARTMENT/AFP

Am Texas soll en Amokleefer higeriicht ginn an de Pentagon wëll déi Exekutioun live am Internet iwwerdroen. Sou hätt et op alle Fall gär den US-Verdeedegungsminister Hegseth. An engem Interview huet mat engem rietsgeriichten Influencer sot den Hegseth, datt den Hasan "en Erschéissungskommado mat Zaldote kréich (...), a mir wäerten dofir suergen, datt d'Leit nokucke kënnen, datt et ëffentlech ass". Ëffentlech Exekutioune si soss aus Länner wéi dem Iran oder Nordkorea bekannt.

Den 3. Dezember soll den Nidal Hasan vun engem Militärkommando erschoss ginn. De fréiere Member vun der Arméi a Militärpsychiater hat 2009 um Militärstëtzpunkt Fort Hood 13 Mënschen erschoss an 32 blesséiert. Eegenen Aussoen no hätt hien op seng Komerode geschoss, well dës am Afghanistan Krich géint aner Mosleme gefouert hunn.

Et soll déi éischt Exekutioun duerch US-Militär zanter méi wéi 60 Joer sinn an déi éischt vun engem US-Zaldot zanter dem Zweete Weltkrich. Hie spillt domat op de Fall Eddie Slovik un, deen 1945 wéinst Desertioun exekutéiert gi war. "Ech hunn déi Mentalitéit iergendwéi gären, déi mir am Zweete Weltkrich haten", esou den Hegseth, dee sech "Krichsminister" nennt. Et géing dorëm goen, "ze gewannen" a bei feindlechen Attacke standzehalen.

Déi lescht Hiriichtung vum US-Militär war 1961. Deemools war de schwaarzen Zaldot John Bennett gehaange ginn, nodeems hie vun engem Militärgeriicht wéinst Vergewaltegung a Mord un engem 11 Joer ale Meedchen an Éisträich zum Doud verurteelt gi war. Do war de Bennett nom Krich stationéiert.

Als lescht ëffentlech Exekutioun an den USA gëllt déi vum Afroamerikaner Rainey Bethea am August 1936 - also viru gutt 90 Joer. Hie gouf dem Death Penalty Information Center no zu Owensboro am Kentucky ëffentlech gehaangen, well hie fir d'Vergewaltegung an de Mord un enger 70 Joer ale wäisser Fra responsabel gemaach gouf.

Deemools hu Schätzungen no eng 20.000 Leit nogekuckt. "De Spektakel, ronderëm d'Hiriichtung huet zum Enn vun den ëffentlechen Exekutiounen an de Vereenegte Staate bäigedroen", heescht et um Site vum Infozenter, dee fir d'Ofschafe vun der Doudesstrof antrëtt.

Den Donald Trump huet déi Exekutioun duerch d’Arméi nëmmen e puer Deeg no deem mësslongenen Hiriichtungsversuch un der Christa Pike autoriséiert. Zanterdeem gëtt jo an den USA nees iwwer d'Doudesstrof debattéiert.

D’Fra, eng Mäerderin, huet jo zwou Gëftsprëtzen iwwerlieft. Si ass nach ëmmer am Spidol, kéint an der Tëschenzäit nees e bësse goen, mä ass an engem ganz schlechte gesondheetlechen Zoustand a muss kënschtlech ernäert ginn. Si ass och nach ëmmer un d’Spidolsbett gefesselt.

Ob et zu engem neien Hiriichtungsversuch kënnt, ass nach net gewosst.

Back to Top
CIM LOGO