USA plange LivestreamEU warnt Onlineplattforme virun Iwwerdroung vun Hiriichtung

AFP, iwwersat vun RTL
De geplangte Livestream vun der Exekutioun vum Attentäter Nidal Hasan an den USA dierf net an der EU iwwerdroe ginn. Bréissel géing dofir suergen.
D'USA wëllen d'Hiriichtung vum verurteelten Attentäter Nidel Hasan livestreamen.
© Shutterstock

D'EU huet Onlineplattforme do virdru gewarnt, de geplangte Livestream vun enger Exekutioun an den USA ze weisen. D'Plattforme missten "hir eegen Allgemeng Geschäftskonditioune suergfälteg duerchsetzen", sot e Spriecher vun der EU-Kommissioun e Méindeg. Bréissel géing "op alle Fall dofir suergen, datt Entreprisen an Onlineplattformen dës Verflichtungen hei an Europa anhalen".

Meta, zu deenen ënnert anerem Facebook an Instagram gehéieren, verbitt explizitt d'Live-Iwwerdroung vun Hiriichtungen, huet de Spriecher betount. Onlinedéngschter wéi X an Tiktok géinge "schockéierend Contenuen" an d'Glorifizéierung vu Gewalt verbidden. "Kee Kommentar dozou, wat si an den USA maachen, mä an Europa hu mir kloer Verflichtungen", sot de Spriecher. Sollten d'Plattformen hir eege Reegelen net duerchsetzen, géing Bréissel säi Gesetz fir digital Servicer (Digital Services Act) applizéieren.

Den US-Verdeedegungsminister Pete Hegseth hat annoncéiert, d'Hiriichtung vum verurteelten Attentäter Nidal Hasan per Erschéissungskommando live z'iwwerdroen. Den Hasan war 2013 zum Doud verurteelt ginn, well hien um Militärstëtzpunkt Ford Hood am Texas 13 Leit erschoss an 30 weiderer blesséiert hat. Den Hasan wier déi éischt Persoun zanter 1945, déi duerch en Erschéissungskommando vum US-Militär higeriicht gëtt.

Back to Top
CIM LOGO