Am Video: Groussbrand a West-LondonExplosiounen duerch Freedefeier dat gelagert war

RTL Lëtzebuerg
Zu Southall am Weste vu London stoung e grousst Lager a Flamen.
Am Video: Groussbrand a West-London
Zu Southall am Weste vu London stoung um Dënschdeg e grousst Lager a Flamen.

Ronn 150 Pompjeeën a 25 Gefierer si kuerz virun 9 Auer um Dënschdegmoien op der Plaz gewiescht. Et ass ee relativ séier dovun ausgaangen, dass am Gebai Freedefeier a Gasfläsche gelagert goufen.

Dräi Schoulen an e Wunnblock goufen aus evakuéiert, iwwer 100 Bewunner ginn an engem lokalen Zenter betreit.

Ronn dräi Véierel vum zweestäckege Gebai stinn a Brand, den Daach ass agefall. D’Ursaach vum Feier ass nach net bekannt. Blesséiert gouf keen, mee d’Awunner solle Fënsteren an Diere weider zouloosse wéinst dem staarken Damp.

Back to Top
CIM LOGO