Fir Spekulatiounen en Enn ze setzenFBI confirméiert, dass Donald Trump duerch Kugel blesséiert gouf

RTL Lëtzebuerg
No Kritik wéinst onkloren Aussoen, huet den FBI antëscht offiziell confirméiert, datt den Donald Trump virun zwou Wochen vun enger Kugel getraff gouf.
© Takayuki Fuchigami / Yomiuri / The Yomiuri Shimbun via AFP

Dat wat de republikanesche Presidentschaftskandidat a fréieren US-President bei engem Optrëtt op engem Walkampf-Evenement zu Butler am US-Bundesstat Pennsylvania um Ouer blesséiert huet, wier eng Kugel respektiv Deeler vun enger Kugel gewiescht, déi a kleng Stécker zerbascht ass.

Dës Kugel wier dann och aus dem Gewier vum Attentäter geschoss ginn, dee schliisslech vun Agente vum Secret Service erschoss gouf.

Dës Prezisiounen huet den FBI-Direkter Christopher Wray e Freideg ginn. Dat nodeems hie mat enger Ausso e Mëttwoch fir Verwirrung gesuergt hat. De Wray hat nämlech gesot, dass net sécher wier, ob den Trump um Ouer vun enger Kugel getraff gouf. Seng Blessur kéint och vun engem sougenannte Schrapnell oder engem Glasstéck stamen. Bei Schrapnell handelt et sech ëm kleng metalle Bullen, mat deene verschidde Munitioun gefëllt ass.

Den Trump selwer hat dem Wray seng Aussoen en Donneschdeg zeréckgewisen. Zu den Aussoe vun e Freideg sot den Ex-President, dass dës warscheinlech déi beschten Entschëllegung wier, déi ee sech um Wray erwaarde kéint. Hie géif se awer vollstänneg akzeptéieren.

Back to Top
CIM LOGO