
Am Bundesland Salzburg gouf eng Fra, déi mat hirem Mann op enger Schi-Tour baussent de Pisten ënnerwee war, géint der Mëtteg bei Bad Hofgastein vun enger Lawin verschëtt. D’Versich vun de Secouriste fir si op der Plaz ze reaniméiere hate keen Erfolleg.
Ronn annerhallef Stonn méi spéit krut eng Lawinn am Gasteinertal e Grupp vu siwe Schifuerer ze paken, déi ausserhalb vun de Pisten ënnerwee waren. Véier vun hinnen hunn d’Ongléck net iwwerlieft.
D’Biergrettung vum Bundeland Salzburg hat am Virfeld eng Warnung wéinst Lawinegefor erausginn.