
Dem Procureur général no sollen een Ägypter, ee Syrer an dräi Marokkaner am Alter tëscht 22 a 56 Joer wéinst dem Verdacht, en Attentat op e Chrëschtmaart a Bayern geplangt ze hunn, festgeholl gi sinn. Ee vun de Männer soll als Priedeger an enger Moschee zu enger Terrorattack opgeruff hunn. Dowéinst ginn d’Ermëttler vun engem islamistesche Motiv aus.
Méi genee hätt de 56 Joer alen ägyptesche Staatsbierger dozou opgeruff, an der Chrëschtzäit mat engem Gefier “en Attentat op e Chrëschtmaart am Raum Dingolfing-Landau ze maachen, fir esou vill Leit wéi méiglech ëmzebréngen oder ze blesséieren”. Dës Ausso gëtt a Bayern strofrechtlech als “Versuch vun der Bestëmmung zum Mord gewäert”, heescht et vum Parquet.
“Dräi weider Verdächteger am Alter vun 30, 28 an 22 Joer mat marokkanescher Staatsbiergerschaft solle sech an der Suite zu engem Attentat bereet erkläert hunn”, esou Parquet a Police weider. Ee fënnefte Verdächtegen, e 37 Joer ale Syrer, soll déi dräi Marokkaner an hirer Decisioun bestäerkt hunn”. D’Ermëttler ginn deemno vun engem islamistesche Motiv aus.
Déi fënnef Verdächteg goufe schonn e Freideg vu Spezialunitéite virleefeg festgeholl an haten e Samschdeg Rendez-vous zu München beim Haftriichter. De Parquet vu München huet deemno géint véier vun de fënnef Beschëllegte Mandat d’arrêt gefrot, déi e Samschdeg a Kraaft getruede sinn. Véier Verdächteger sinn deemno am Moment an Untersuchungshaft a verschiddene Prisongen, de fënnefte Verdächtege gouf duerch eng Deliberatioun vum Riichter preventiv verhaft.