
Wien nämlech an der Lutte géint de Coronavirus op zoue Schoule pocht, dee setzt net just de Fortschrëtt op d’Spill, mä riskéiert och d’Verschäerfung vun Ongläichheeten. D’Vereenten Natioune beschreiwen d’Fermeture vun de Schoulgebaier als “Katastroph fir ganz Generatioun”.
Datt Schüler nees sécher an d’Coursë kënne goen, misst iewescht Prioritéit hunn, soubal een de Coronavirus op der Plaz ënner Kontroll hätt. Dat sot den UNO-Generalsekretär Guterres beim Lancement vun der Campagne “Save our future”. Mëtt Juli waren d’Schoulen a ronn 160 Länner zou, iwwer eng Milliard Schüler waren dovu betraff. Eng 40 Millioune Kanner konnten net an d’Spillschoul, Precoce oder Crèche goen.
Iwwerdeems d’Schüler zu Lëtzebuerg hir Summervakanz genéissen, huet am Nordoste vun Däitschland d’Schoul plazeweis nees ugefaangen. A weidere Bundeslänner wäerten d’Schoulbänken deemnächst nees gedréckt ginn. Vun enger Normalitéit wier een am Enseignement awer nach wäit ewech. D’Gewerkschafte VBE a GEW warne virun der Rentrée an de gesondheetleche Risike vum Normalbetrib vun de Schoulen an och d’SPD-Cheffin Saskia Esken bezeechent d’Normalitéit an de Schoulen als Illusioun an d’Anhale vun Ofstandsreegelen als problematesch.
Weider Debatte ginn et bei eisen däitschen Noperen iwwert den obligatoresche Mond- an Nueseschutz. An Nordrhein-Westfalen gëllt a verschiddene Schoulen och am Unterrecht Maskeflicht, an anere Bundeslänner gouf och schonn ugekënnegt, dës Mesure z’ergräifen.
Am Kader vun enger Corona-Etüd am Mee a Juni goufen 2.600 Schüler a Proffe getest. Dobäi koum eraus, dass keng akut Infektioune fonnt goufen. Dem Professer Wieland Kiess vum Leipziger Universitätsklinikum no louch d’akut Infektioun bei Null. A 14 vun am Ganzen 2.300 Bluttprouwen hätt een Antikierper fonnt.