Zu Bukarest um Kongress war déi 65 Joer al Politikerin nämlech déi eenzeg Kandidatin, déi sech presentéiert hat, an deementspriechend war hir Nominatioun souwisou schonn e Fait accompli. Schonn e Mëttwoch hat d’EVP hire Walprogramm fir d’Europawalen am Juni ofgeseent a versprach, eng kloer Brandmauer géint Rietsradikaler um Kontinent ze bidden. Och d’Von der Leyen huet dat an hirer Ried nach eemol kloer gemaach:
“Eist friddlech an unifiéiert Europa gëtt erausgefuerdert, wéi nach ni virdrun. Vu Populisten, Nationalisten, Demagogen. Ob et vun der extrem rietser oder der extrem lénkser Säit ass. Ob et vun der AfD ass oder vum Rassemblement national. D’Nimm si vläicht ënnerschiddlech, mee hiert Zil ass dat nämmlecht: Si wëllen op eis Wäerter trëppelen an eist Europa zerstéieren. A mir wäerten dat ni zouloossen.”
Ënnert den 800 Representante vun de Konservative waren och 12 EU-Staats- a Regierungscheffe present, fir d’Von der Leyen offiziell ze nominéieren. Dorënner de Premier Luc Frieden, deen zanter e Mëttwoch um Kongress mat derbäi ass.