Bis SonnenënnergangFir Millioune Mosleme weltwäit huet de Faaschtemount Ramadan ugefaangen

RTL Lëtzebuerg
Zanter e Samschdeg huet fir bal 2 Milliarde Moslemen op der ganzer Welt de Faaschtemount Ramadan ugefaangen.
© AFP Archivbild

Dësen zielt als eng vun de 5 Saile vum Islam zu de Grondflichte vun engem gleewege Moslem.

Wärend dem Faaschtemount däerfen déi Gleeweg vu Sonnenopgank bis Sonnenënnergang net iessen an net drénken. Fëmmen a Sex sinn och net erlaabt. Dat si bis zu 18 Stonnen, wou ee soll enthalsam liewen.

Op ville Plaze gëllen Aschränkungen, wéinst der Covid-Pandemie. Beispillsweis sinn d’Leit opgeruff doheem ze bieden oder et gëllen Ausgangsspäre fir d’Nuecht.

Back to Top
CIM LOGO