Otemschutzmasken net bezueltFirme verkloen däitsche Gesondheetsministère wéinst oppene Rechnungen

RTL Lëtzebuerg
Am Fréijoer hat den däitsche Gesondheetsministère bei honnerte Firmen FFP2-Maske bestallt, verschidde Liwwerunge goufen awer net bezuelt.

Ëmmer méi Firmen zéie viru Geriicht. Antëscht goufe 75 Kloen eragereecht wéinst oppene Rechnungen. Dat sinn der 9 méi wéi nach ugangs Oktober. D’Zomm, ëm déi hei gestridde gëtt, läit jeeweils tëscht 5001 Euro bis 38 Milliounen Euro. Vum Bund heescht et, dass een ënnert anerem wéinst Qualitéitsmängel net bezuelt hätt.

Heibäi handelt et sech ëm eng gréisser Commande vum Ministère. Am Abrëll hat de Staat FFP2-Maske fir d’Spideeler an aner Ariichtunge gesicht. Iwwer 700 Entreprisë kruten den Zouschlag bei engem sougenannten Open-House-Verfaren, vun deenen awer ronn d’Hallschecht d’Liwwerdelaien net anhale konnten.

Doriwwer gëtt awer elo viru Geriicht diskutéiert. E puer vun de Firmen argumentéieren, dass d’Logistiker, déi vum Bund den Optrag kruten, Uert an Zäit fir d’Iwwergab e puer Mol verréckelt hätten. D’Liwweranten hätten also keng Méiglechkeet gehat, d’Masken ofzelueden. Aner Entreprisë bestreiden d’Qualitéitsmängel, déi dem Bund no festgestallt goufen.

Vum Düsseldorfer Affekot Christian Lüpke heescht et: “De Bund krut vill méi Maske wéi geduecht a war iwwerfuerdert, alleguerten unzehuelen an op hir Qualitéit ze préiwen.”

Enn September huet dat éischt Verfaren an deem Kader ugefaangen. Eng Import-Export-Gesellschaft aus Hannover huet op eng Zomm vun enger hallwer Millioun Euro plus Zënse geklot. En Expert soll elo préiwen, ob d’Maske “mangelhaft” waren oder net. D’Verhandlung vun enger zweeter Klo ass fir de 16. Dezember virgesinn.

Back to Top
CIM LOGO