
En Donneschdeg ginn zu Oochen an Däitschland eng 6.200 Leit evakuéiert, nodeems op enger Baustell matzen an der Stad eng Fligerbomm aus dem Zweete Weltkrich fonnt ginn ass. Fir dës ze entschäerfen, hunn déi lokal Autoritéiten e Sécherheetsperimeter vu ronn 400 Meter opgestallt, an deem sech ënnert anerem och zwou Schoule befannen, déi zou musse bleiwen.
“Mir hunn decidéiert, kee Risiko anzegoen”, sou den Oochener Buergermeeschter Michael Ziemons.
D’Bomm gouf e Mëttwoch géint 15.30 Auer entdeckt an d’Opraumaarbechte kuerz duerno geplangt. Experte ginn dovun aus, datt d’Bomm eng 250 Kilogramm schwéier ass.
Leit, déi hir Wunnenge musse verloossen, kréien Zougang zum Businessberäich vum Tivoli, de Fussballstadion vun Alemannia Aachen. D’Aktioun fir se ze entschäerfe soll viraussiichtlech am fréie Mëtteg op en Enn goen.
Déi leschte Kéier, datt et zu enger vergläichbarer Aktioun zu Oochen koum, war am Februar 2024. Deemools haten 2.700 Leit mussen evakuéiert ginn, nodeems eng brittesch Weltkrichsbomm op engem Chantier fonnt gi war.
An Nordrhein-Westfalen goufen 2024 iwwer 1.600 dëser Blindgänger entdeckt an entschäerft, e Plus vu 40 Prozent am Verglach mat 2023. Wéi den Inneministère mellt, wier de Grond duerfir déi méi héich Unzuel u Bauaarbechten an hirem Bundesland.