Massepanik a ChinaFluchhafen zu Shanghai gëtt no Corona-Fäll komplett isoléiert

RTL Lëtzebuerg
China huet de Virus wéi et schéngt a grousse Linnen ënner Kontroll. Fir dass dat sou bleift, gëtt mat haarde Mesuren duerchgegraff...

D’Annonce, dass et zu Massentester géif kommen, huet um Fluchhafe Shanghai fir e reegelrechte Chaos gesuergt.

Nodeems direkt e puer Mataarbechter vum Buedempersonal e Sonndeg positiv op de Coronavirus getest goufen, hunn sech déi Responsabel vum Fluchhafen dozou entscheet, fir radikale Mesuren ze huelen.

Dausende Leit, jo bis zu 100.000 Persoune solle getest ginn a géifen och am Gebai festgehale ginn, honnerte Flich goufe gestrach. Op Videoen aus de soziale Medien ass ze gesinn, wéi Sécherheetspersonal a spezieller Bekleedung versichen d’Leit déi a Panik gerode sinn, virum fortlafen ze hënneren.

Owes soll sech vun offizieller Säit hier d’Situatioun verbessert hunn.

China suivéiert am Kampf géint Corona eng 0-Toleranz-Politik. All Ausbroch soll direkt a komplett verhënnert ginn. E Sonndeg huet China nëmme 17 Neiinfektioune gemellt gehat, dorënner 2 Infektiounen ebe vum Fluchhafen zu Shanghai, wou am Joer bis zu 80 Millioune Passagéier passéiere kënnen.

Back to Top
CIM LOGO