No Accident mat DoudesafferFlüchtege Chauffer dout zu Baden-Württemberg fonnt

RTL Lëtzebuerg
Déi däitsch Police huet zu Ulm e Mann dout fonnt, dee wéinst Farerflucht gesicht gouf.
Symbolbild
Symbolbild
© Pixabay

Den 58 Joer ale Mann war op der B10 am Beräich vun Ebersbach mat engem mat Gas bedriwwenen Auto kollidéiert, deen doropshin a Flamen opgoung an deem säi 24 Joer ale Chauffer dobäi gestuerwen ass.

Wéi d’Police e Méindeg matdeelt, soll den 58 Joer ale Mann virun Accident virun engem Chantier e puer Autoen trotz Verbuet riets iwwerholl hunn. Wärend dem Iwwerhuelmanöver soll de 24 Joer alen Automobilist acceleréiert hunn an ass wuel dobäi mat sengem Auto widder deen anere komm. De mat Gas bedriwwenen Auto ass doropshin direkt a Brand geroden. De 24 Joer ale Mann ass a sengem Won verbrannt.

Den 58 Joer ale Mann soll ufanks stoe bliwwe sinn, éier hie sech duerch d’Bascht gemaach huet. Nodeems hien identifizéiert gouf, war eng Sich nom Chauffer lancéiert ginn, woubäi d’Poliziste seng Läich fonnt hunn. D’Doudesursaach muss elo mol ermëttelt ginn.

Back to Top
CIM LOGO