Rassismus-Debatt an den USAFonctionnairin kënnegt wéinst dem Trump senger Attitüd

RTL Lëtzebuerg
Aus Protest trëtt d'Afroamerikanerin Mary Elizabeth Taylor aus dem US-Ausseministère zréck, wéinst dem Trump senger Haltung a Punkto Rassismus.

Si war eng héichrangeg Cheffin am Ausseministère a mat just 30 Joer déi éischt Afroamerikanerin op esou engem Posten. Elo kënnegt si an der Trump-Regierung, well si dem President seng Attitüd vis-à-vis vum Rassismus net méi erdréit.

No de Protester an der Affär George Floyd ass et déi éischt Kënnegung a Regierungskreesser, déi aus Protest ënnerschriwwe gëtt. Dem Donald Trump hat an der Debatt iwwer Diskriminéierung a Rassismus de Protester mat der Arméi gedréit. Him gëtt virgehäit dëse Sträit, nach verschäerft ze hunn.

Donieft organiséiert de President zu Tulsa am Staat Oklahoma säin éischt Walkampf-Evenement. An dëser Stad gouf et de gréisste Massaker vu Schwaarzen an der rezenter Geschicht vun den USA. 1921 goufen do bis zu 300 Afroamerikaner vun engem Mob vu wäissen Amerikaner ëmbruecht.

Back to Top
CIM LOGO