No enger Woch manner ustiechendFrankräich wëll Quarantän-Zäit vu 14 op 7 Deeg kierzen

RTL Lëtzebuerg
Obschonn d'Infektiounszuele klammen, wëll Frankräich d'Quarantän-Zäit fir Infizéierter a Kontaktpersoune vun elo nach 14 op 7 Deeg kierzen.

Dat huet de Gesondheetsminister Olivier Véran fir e Freideg annoncéiert, de wëssenschaftleche Rot vun der Regierung hätt och scho säin Accord ginn.

Et wier ee virun allem an den éischte 5 Deeg ustiechend, nodeems een entweder Symptomer hat oder no engem positiven Test, sou de Véran. No enger Woch wier de Risk sech unzestiechen nëmmen nach “immens schwaach”.

Mat der Kierzung wëll déi franséisch Regierung erreechen, dass d’Isolatioun besser acceptéiert gëtt. E groussen Deel vun de Fransouse géif sech nämlech net un d’Quarantän halen, bedauert de Gesondheetsminister.

Och an Däitschland gëtt iwwer eng änlech Mesure nogeduecht.

D’Gesondheetsminister vun den EU-Staaten hate sech schonn d’lescht Woch drop gëeenegt, dass d’Quarantän-Zäit fir Persounen, déi aus Risikogebidder zeréckkommen, vu 14 op 10 Deeg gekierzt gëtt.

RTL-News: 28 vun 100 Verwaltungsbezierker a Frankräich “Zone rouge”

Back to Top
CIM LOGO