ArcelorMittal a FrankräichFranséisch Deputéiert soe "Jo" zu enger Verstaatlechung

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg ass eng Gesetzpropositioun géint den Avis vun der Regierung gestëmmt ginn.
© Photo by VALERIE DUBOIS / HANS LUCAS / HANS LUCAS VIA AFP

D’Proposition de loi koum vun der Partei “La France insoumise”. Et ass ganz onsécher wéi eng Zukunft dës Propositioun huet. Den Text muss och am Senat ugeholl ginn, wou et eng aner Majoritéit gëtt.

D’Lénksfraktioun an der Assemblée nationale gesäit eng Verstaatlechung vun der franséischer Filière vun ArcelorMittal als eenzeg Méiglechkeet, fir d’Stolindustrie a 15.000 Aarbechtsplazen a Frankräich ze retten.

Back to Top
CIM LOGO