
E Freideg hat sech déi franséisch Regierung getraff, fir iwwert d’Covid-19-Situatioun am Land ze beroden. D’lescht Woch hu sech an eisem Nopeschland méi wéi 47.000 Leit mam Sars-Cov-2 ugestach. 35 Departementer leie bei iwwer 50 Fäll op 100.000 Awunner. Wéi a villen aneren europäesche Länner och ass de Coronavirus besonnesch bei de jonken Erwuessene staark verbreet. Den Impakt op d’Spideeler bleift den Ament limitéiert.
Wéinst der rasanter Hausse un Neiinfektioune gesi sech d’Autoritéite gezwongen, d’Corona-Mesuren ze verschäerfen, fir d’Verbreedung vum Virus anzedämmen.
Ënnert anerem goung rieds iwwer Spärstonnen a limitéierten Zougang zu Alters- a Fleegeheemer. Zu Pas-de-Calais, am Norde vu Frankräich, musse Restauranten a Baren hir Diere spéitstens um 0.30 Auer zoumaachen. Zu Nice goufen d’Fräizäitofferen ageschränkt. Ausserdeem si Visitten an Alters- a Fleegeheemer an der franséischer Stad verbueden.
Wéinst dem Lockdown tëscht Mäerz a Mee ass déi franséisch Wirtschaft am zweete Quartal ëm 14 Prozent agebrach. Dëst Joer erwaart ee sech 800.000 Chômeure méi wéi d’Joer virdrun. Och den Tourismus krut d’Corona-Kris däitlech ze spieren, well Länner wéi Däitschland viru Reesen a verschidde franséisch Regioune warnen. Am Fréijoer war d’Regioun Grand-Est staark vun der Pandemie betraff den Ament klammen d’Zuele séier an der Provence an op der Côte d’Azur. Zu Marseille gouf ugekënnegt, dass een de Maximum vun Intensivbetter bal erreecht hätt an een opstocke misst.
De Leeder vun der Urgence an der Paräisser Klinik Georges Pompidou huet am Interview mat BFM-TV gesot, dass ee fäert, dass an 2 bis 3 Wochen nees iwwer 50 Prozent vun de Beootmungsapparater an de Risikogebitter beluecht kéinte sinn. D’Zuel vun den Intensivbetter kéint der franséischer Regierung no am Fall vun enger 2. Well op 12.000 eropgefuer ginn. Dat wieren der ronn duebel esouvill wéi nach am Fréijoer 2020.
Fir der Verbreedung vu Covid-19 esou gutt et geet entgéintzewierken, huet Frankräich méi streng Mesurë wéi verschidden Nopeschlänner agefouert. An Entreprisen an an de meeschte Schoulen uechter d’Land ass de Mond- an Nueseschutz obligatoresch. Zu Paräis an och an anere Groussstied ass de Mask dobaussen obligatoresch.
Anescht wéi zu Lëtzebuerg wëll déi franséisch Regierung d’Quarantän-Zäit fir Infizéierter a Kontaktpersoune vu 14 Deeg op 7 reduzéieren, fir eng méi grouss Akzeptanz z’erreechen.
Bannent de leschte 24 Stonne sinn a Frankräich 40 weider Persounen un de Suitte vun hirer Infektioun gestuerwen. Domat ass d’Zuel vun Doudesaffer op 30.893 geklommen. Vun en Donneschdeg op e Freideg sinn iwwerdeems 9.406 Neiinfektiounen dobäi komm. Insgesamt ginn et elo a Frankräich 363.350 confirméiert Corona-Fäll.