Well den US-President do "net kann"Franséisch Regierung wëll G7-Sommet verleeën

Tom Nols
Well dem Donald Trump seng Presenz wichteg wier, soll de Rendez-vous vun de G7 verluecht ginn. Den US-President kéint esou säin 80. Gebuertsdag feieren.
Den Emmanuel Macron kann dem Donald Trump eréischt en Dag méi spéit gratuléieren
Den Emmanuel Macron kann dem Donald Trump eréischt en Dag méi spéit gratuléieren
© AFP

Déi franséisch Regierung huet de G7-Sommet am nächste Juni verluecht, well den US-President Donald Trump do schonn aner Rendez-vousen huet. E Vertrieder vun der Regierung sot, dass “hire Partner dem Trump seng Presenz awer wichteg wier”. De Sommet, dee vum 14. bis de 16. Juni zu Evian geplangt war, wier ëm een Dag no hanne verréckelt ginn, mellt d’Noriichtesäit Politico.

Den Donald Trump wäert de 14. Juni säin 80. Gebuertsdag feieren. Fir deen Dag ass am Wäissen Haus e Kampfsport-Spektakel virgesinn.

Zu Paräis war aus dem Büro vum President Emmanuel Macron just ze héieren, dass den Datum vum G7-Sommet d’Resultat wier vu “Konsultatioune mat all eise Partner”. Zum Grupp vun de groussen Industriestaate gehéieren nieft den USA a Frankräich och Däitschland, Italien, Groussbritannien, Kanada a Japan.

Back to Top
CIM LOGO