Frankräich iwwerhëlt d'RemboursementerFranséisch Residentë kënne vun 2026 un zu Lëtzebuerg bei den Dermatolog

Claudia Kollwelter
Eng ganz Partie bilateral Accorde goufen en Donneschdeg de Mëtteg am Ausseministère ënnerschriwwen.
© SIP / Emmanuel Claude

Déi lëtzebuergesch an déi franséisch Regierung si fir eng Commission intergouvernementale zesummekomm. Ënnert anerem wäerten néng zousätzlech Plaze fir Lëtzebuerger Medezin-Studenten op der Université de Reims Champagne-Ardenne disponibel ginn, woumat d’Zuel vun aktuell 25 op 34 Studente klëmmt. Lëtzebuerg këmmert sech ëm d’Finanzement vun deene Plazen.

Wéinst engem Manktem un Dermatologen a Frankräich wäerten d’franséisch Residente vu Januar 2026 un hei am Grand-Duché kënne bei en Dokter goen. Frankräich iwwerhëlt awer d’Remboursementer. Da soll eng Konventioun tëscht Lëtzebuerg a Frankräich ausgeschafft ginn, wat d’Crèchë betrëfft. Wéi den Educatiounsminister Claude Meisch erkläert huet, ginn aktuell ronn 3.000 Kanner, déi a Frankräich wunnen, zu Lëtzebuerg an d’Crèche. De Grand-Duché soll duerch Finanzementer Frankräich hëllefen, d’Offer op hirem Territoire ze developpéieren an ze verbesseren. Zum Thema “Teletravail” géifen et den Ament keng Neierunge ginn, sou de Xavier Bettel wärend der Pressekonferenz:

De Xavier Bettel zum Theema "Teletravail"
Eng ganz Partie bilateral Accorde goufen en Donneschdeg de Mëtteg am Ausseministère ënnerschriwwen.

Schreiwes: Den offizielle Communiqué säitens der Regierung
Hei klicken, fir de komplette Communiqué ze liesen!

Back to Top
CIM LOGO