
De franséische Premier war a Kontakt mam Direkter vun der Tour de France. Béid souzen e Samschdeg niewenteneen an engem Auto an hunn zesummen déi 8. Etapp vun der Course suivéiert, sou dem Castex säi Presse-Büro.
En Dënschdeg den Owend huet d’Tëleeschaîne BFM, déi sech op Regierungskreesser beruff huet, gemellt, datt de Corona-Test vum Castex negativ ausgefall ass. De franséische Premier huet sech deemno net mam Virus infizéiert.
Well d’Infektiounszuelen a Frankräich massiv geklomme sinn, huet de President Emmanuel Macron nach emol den Appell un d’Bierger gemaach, immens opzepassen. Dacks géingen d’Leit sech op private Partyen oder Rassemblementer mat der Famill ustiechen. An deem Kader wëll d’Regierung e Freideg nach emol iwwer nei Schutzmoossnamen nodenken.
RTL-NEWS: Christian Prudhomme positiv getest, all d’Coureuren negativ
RTL-NEWS: 28 vun 100 Verwaltungsbezierker a Frankräich “Zone rouge”
RTL-NEWS: Frankräich wëll Quarantän-Zäit vu 14 op 7 Deeg kierzen