Bis zu 14. SchwangerschaftswochFranséische Senat stëmmt fir Recht op Ofdreiwung

RTL Lëtzebuerg
A Frankräich huet de Senat fir e Recht op Ofdreiwung gestëmmt, dat an der Verfassung soll verankert ginn.
© AFP

No laangen Diskussioune soll garantéiert ginn, dass eng Fra bis zu der 14. Schwangerschaftswoch selwer d’Fräiheet soll hunn, eng Schwangerschaft ofzebriechen.

Fir dass d’Gesetz elo an d’Constitutioun stoe kënnt, brauch et d’nächst Woch nach eng Dräi-Fënneftel-Majoritéit am Kongress, wat awer als sécher gëllt.

De Planing Familial begréisst dës Decisioun an engem Schreiwes vun e Mëttwoch den Owend. Si bezeechnen et als en historesche Schratt fir d’Rechter vu Fraen a wënscht sech, dass och Lëtzebuerg op dee Wee geet.

Back to Top
CIM LOGO