
De Museker Tucker Zimmerman a seng Fra Marie-Claire Lambert sinn e Samschdeg de 17. Januar an engem Brand an hirem Haus zu Saint-Georges-sur-Meuse bei Léck gestuerwen. Dat mellt ënnert anerem de Produzent a laangjärege Frënd vum Zimmerman, den Tony Visconti, op Facebook. A sengem Post beschreift hien, wat fir e groussaartege Museker a Songwriter den Zimmerman war. Souguer den David Bowie hätt dacks gesot, datt den Album “Ten Songs by Tucker Zimmerman” ee vu senge léifste wier.
Den Tucker Zimmerman ass de 14. Februar 1941 zu San Francisco gebuer. Als Kand wier hie schonn ëmmer vun der Musek faszinéiert gewiescht, wéi ënnert anerem de britteschen Noriichtesite “Independent” mellt. Schonn am Alter vu véier Joer hätt hien ugefaangen, Gei ze spillen. Méi spéit hätt hie “Musekstheorie a Kompositioun” zu San Francisco studéiert, wou hien ugefaangen, Lidder ze schreiwen. 1966 krut hien e “Scholarship”, also eng Zort Bourse, fir op Roum studéieren ze goen.
Am Januar 1967 huet den Zimmerman d’Marie-Claire Lambert kenne geléiert, wéi si zu Roum an der belscher Ambassade geschafft huet. “Zanterhier si mir zesummen”, huet den Tuckermann an enger Autobiographie geschriwwen. “Dës 40 Joer méi spéit ass hatt nach ëmmer u menger Säit, guidéiert mech, hëlleft mir, deelt Tréinen a Laache mat mir.”
Nodeems d’Koppel zwee Joer a Groussbritannien gelieft huet, si si an d’Belsch geplënnert, wou si bis e Samschdeg gelieft hunn. Vun 1970 bis 1984 war den Zimmerman op Tour duerch Europa, virun allem an der Belsch, der Schwäiz an Däitschland. Dono huet hie Bicher a Gedichter geschriwwen, éier hien nees Lidder geschriwwen huet.