Zu EttelbréckLoftdrockpistoul an engem Bus beschlaagnamt

RTL Lëtzebuerg
E Samschdegowend war der Police e Mann an engem Bus gemellt ginn, deen eng Waff dobäi hat.
Modeller vu Loftdrockpistoulen, déi täuschend echt kënnen ausgesinn.
Modeller vu Loftdrockpistoulen, déi täuschend echt kënnen ausgesinn.
© THOMAS OLIVA/AFP

Géint 20:45 Auer um Samschdegowend hat d'Police gemellt kritt, dass e Passagéier an engem Bus eng Waff géing bei sech droen. D'Gefier konnt zu Ettelbréck vun der Police gestoppt an déi concernéiert Persoun kontrolléiert ginn.

Bei der Waff huet et sech ëm eng Loftdrockpistoul gehandelt, déi beschlagnaamt ginn ass. Géint de Mann ass Protokoll erstallt ginn.

Back to Top
CIM LOGO