
De Futtballspiller Jérôme Boateng stoung um Freideg de Moien an drëtter Instanz ‘viru Geriicht. Wärend enger Vakanz an der Karibik soll hien seng fréier Partnerin a Mamm vu senge Kanner attackéiert hunn.
Hir Affekoten haten eng Geldstrof vun 1,12 Milliounen Euro gefrot. Verurteelt gouf de Boateng am Endeffekt net. D’Riichterin huet vun enger “toxescher Bezéiung” geschwat.
De Jérôme Boateng krut net, wéi vir d’éischt gemellt, eng Strof vun 300.000 Euro, mee eng Geldstrof vun 200.000 Euro, well en just verwarnt an net verurteelt gouf.